MyGround.lu ass dat 1. Online-Portal op deem Dir schnell, einfach a vertraulësch Offeren fir Ären Terrain oder Ärt Haus ufroe kënnt. Dofir musst Dir just eisen Online-Formulaire ausfëllen.
Keng Käschten fir de verkeefer
Minimum 2 top-offeren
professionell berodung
vertraulësche service
IWWERT EIS
WAT ASS MYGROUND.LU ?
MyGround.lu ass dat 1. Online-Portal op deem Dir schnell, einfach a vertraulësch Offeren fir Äeren Terrain oder Äert Haus ufroe kënnt. Dofir musst Dir just eisen Online-Formulaire ausfëllen oder e Rendez-vous mat eis ofmachen.
WAT MYGROUND GARANTÉIERT ?
MyGround.lu garantéiert Iech minimum 2 Top-Offeren vun ënnerschiddleche lëtzebuerger Entrepreneuren.
WEE SI MIR ?
MyGround.lu ass eng dynamesch Equipe, déi et sech als Zil gesat huet, de Verkaafsprozess vun Immobilien ze optimiséieren.
WISOU GËTT ET MYGROUND ?
Eis war et wichteg, dass de Proprietaire vun enger Immobilie onkomplizéiert a schnell méi Offeren fir säin Terrain oder säin Haus kann ufroen, esou dass hien déi bescht Offer auswiele kann. Esou gëtt de Verkaaf vun enger Immobilie méi einfach, méi transparent a méi interessant fir de Verkeefer.
WÉI FONKTIONNÉIERT MYGROUND.LU ?
De Proprietaire vun engem Terrain (oder Haus) wëll vum Service vu MYGROUND profitéieren fir seng Immobilie zum bëschte Präis ze verkaafen. Dozou fëllt de Proprietaire den Online-Formulaire op dësem Site aus. Een Agent vu MYGROUND mellt sech schnellstméiglech beim Proprietaire fir e Rendez-Vous ze fixéieren. D’Team vu MyGround setzt sech mam Proprietaire zesummen an analyséiert den Dossier an de Bien.
Wann de Proprietaire säin OK ginn huet, geet d’Team vu MyGround bei verschidden Entrepreneuren an handelt mat hinnen déi bescht méiglech Offeren aus, soudass de Proprietaire säin Terrain zum Beschtpräis verkaafe kann.
ASS D'DEMANDE D'OFFRE BINDEND ?
Demande d’offre iwwert den Online-Formulaire vu MyGround.lu ass net bindend. De Formulaire ass do fir d’Berodung während dem Rendez-Vous ze preparéiren.
MUSS DE CLIENT DEN TERRAIN VERKAAFEN, WAN D'OFFER HIM NET HÉICH GENUCH ASS ?
Nee, de Client ass zu kengem Moment gezwongen, säin Bien ze verkaafen, wann d’Offeren ënnert sengen Erwaardungen leien.
Partners
CONTACT
Losst Iech professionnell vun eis beroden. Mat elo e Rendez-vous mat eis of.